Church finder
Saint-Anne
Tandel, LU
Catholic
History
D'Kapell zu Tandel ass eng kathoulesch Kapell, déi zur Par Baastenduerf, zum Parverband Veianen, zu der Pastoralregioun Norden, zum Dekanat Veianen an zu der Gemeng Tandel gehéiert. D'Patréinesch vun der Kierch ass d'helleg Anna, där hiert Fest de 26. Juli gefeiert gëtt. D'Kapell steet zu Tandel um Enn vun engem Niewewee vun der Veianerstrooss, der N17. Et ass och e klenge Kierfecht nieft der Kapell ugeluecht. Den 21. Juni 2017 gouf se als nationaalt Monument op d'Lëscht vun de klasséierte Monumenter agedroen. Zur fréierer Par Baastenduerf gehéiert ausser der Kapell vun Tandel och nach d'Parkierch vu Baastenduerf.
From Wikipedia, CC BY-SA