Church finder

Sankt Rochus

Vianden, LU

Catholic

History

D'Rochuskapell vu Veianen, och als Neikierch bezeechent, ass eng kathoulesch Kapell, déi zur Par Parc Our Saint-Nicolas, zum Dekanat Norden an zu der Gemeng Veianen gehéiert. De Patréiner vun der Kapell ass den hellege Rochus, deem säi Fest de 16. August gefeiert gëtt. D'Kapell steet nieft der Our an der rue du Vieux Marché, tëscht dem Kierfecht an der Staumauer vum Ënneschte Basseng vum Pompelspäicherwierk Veianen. Zur fréierer Par Veianen gehéieren ausser der Rochuskapell och nach d'Parkierch vu Veianen, d'Nikloskapell, d'Kapell Notre-Dame (Bildchen) an d'Filialkierch vu Biwels. D'Kierch steet zanter dem 24. Mäerz 1938 op der Lëscht vum Zousazinventaire vun de klasséierte Monumenter.

From Wikipedia, CC BY-SA

Other churches near Vianden, LU