Church finder

Sainte-Odile

Beiler, LU

Catholic

History

D'Kierch zu Beeler ass eng kathoulesch Kierch, déi zur Par Ëlwen–Wäiswampich Saint-François, zum Dekanat Norden an zu der Gemeng Wäiswampech gehéiert. D'Patréinesch vun der Kierch ass d'helleg Odilia, där hiert Fest de 14. Dezember gefeiert gëtt. Niewepatréiner ass den hellege Valentin. D'Kierch steet zentral an der Uertschaft un der Duarrefstrooss, dem CR335. Ronderëm d'Kierch ass de Kierfecht ugeluecht. Nieft dem Kierchenagank ass de Monument aux Morts fir d'Affer vum Zweete Weltkrich.

From Wikipedia, CC BY-SA

Other churches near Beiler, LU