Church finder

Saint-Remi
Koerich, LU
Catholic
History
D'Kierch zu Käerch ass eng kathoulesch Kierch, déi zur Par Äischdall Saint-François-et-Sainte-Claire an zu der Gemeng Käerch gehéiert. De Patréiner vun der Kierch ass den hellege Remigius, deem säi Fest den 1. Oktober gefeiert gëtt. Se steet zentral an der Uertschaft an der Schoulstrooss, net wäit vum Käercher Schlass. Ronderëm d'Kierch ass de Kierfecht ugeluecht. Zur fréierer Par Käerch gehéieren ausser der Dekanatskierch vu Käerch och nach d'Filialkierch vu Gëtzen an d'Rochuskapell vu Giewel.
From Wikipedia, CC BY-SA