Church finder

Saint-Antoine-l'Ermite

Calmus, LU

Catholic

History

D'Kierch zu Kaalmes war eng kathoulesch Kierch, déi bis zu hirer Entweiung am Abrëll 2025 zur Par Äischdall-Helpert Saint-Willibrord am Dekanat Zentrum an zu der Gemeng Sëll gehéiert huet. De Patréiner war den hellegen Antonius de Klausener, deem säi Fest de 17. Januar gefeiert gëtt. D'Gebai steet zentral an der Uertschaft an der Haaptstrooss, dem CR301. Zur fréierer Par Simmer hunn ausser der Filialkierch zu Kaalmes och nach d'Parkierch vu Simmer an d'Kapell vun Iener gehéiert.

From Wikipedia, CC BY-SA

Other churches near Calmus, LU