Nativité de la Bienheureuse-Vierge-Marie
Boevange-sur-Attert, LU
History
D'Kierch vu Béiwen un der Atert ass eng kathoulesch Kierch, déi zur Par Äischdall-Helpert Saint-Willibrord an zu der Gemeng Helperknapp gehéiert. Si steet zentral am alen Duerfkär op der Helpert-Strooss, dem CR114. De Kierfecht ass nieft der Kierch ugeluecht. D'Kierch ass der Gebuert vun der Muttergottes Maria geweit, an huet als Niewepatréiner den hellege Vältes. Op Vältesdag gëtt vum Béiwener Männerchouer eng Kënnbakestee organiséiert. Den Erléis ass zu Gonschte vum Kiercherot. Den 22. Oktober 2025 gouf d'Kierch, mam Kierfecht an der Morgue, als national Kulturierfschaft klasséiert. Bis de 6. Mee 2017 war et d'Parkierch vun der Par Mariä-Gebuert Béiwen/Atert, zanter dem 7. Mee 2017 ass s'eng Filialkierch vun der Par Äischdall-Helpert St. Willibrord.
From Wikipedia, CC BY-SA