Church finder

Exaltation-de-la-Sainte-Croix

Dellen, LU

Catholic

History

D'Kierch zu Dellen ass eng kathoulesch Kierch, déi zur Par Atertdall Sainte-Claire, zum Dekanat Zentrum an zu der Gemeng Groussbus-Wal gehéiert. D'Kierch, resp. d'Kapell staamt aus dem Joer 1719. Si huet bis haut kee Stroum an duerfir ginn d'Klacken nach ëmmer mat der Hand gelaut. D'Kierch ass dem hellege Kräiz geweit. D'Fest gëtt de 14. September gefeiert. Den zweete Patréiner vun der Kierch ass den hellegen Haupert, deem säi Fest den 3. November gefeiert gëtt. D'Kierch steet an der Kierchegässel, enger Sakgaass, déi vun der Kräizung vun der rue du Lavoir mat der Haaptstrooss, dem CR345, fortgeet. Den 30. November 2017 gouf s'op d'Lëscht vum Zousazinventaire vun de klasséierte Monumenter agedroen. Zur fréierer Par Groussbus huet ausser der Filialkierch vun Dellen och nach d'Kierch vu Groussbus gehéiert.

From Wikipedia, CC BY-SA

Other churches near Dellen, LU