Church finder
Chapelle Notre-Dame
Ansembourg, LU
Catholic
History
D'Kapell vun Aansebuerg war eng kathoulesch Kapell, déi bis zu hirer Entweiung 2022 zur Par Äischdall-Helpert Saint-Willibrord, zum Dekanat Zentrum an zu der Gemeng Helperknapp gehéiert huet. Se war der Tréischterin am Leed geweit. Den 22. Oktober 2025 gouf s'als national Kulturierfschaft klasséiert. D'Kapell steet am ëstlechen Agank vun Aansebuerg direkt nieft der Strooss, dem CR105. Nieft der Kapell leeft d'Holertsbaach laanscht. Zur fréierer Par Tënten hunn ausser der Kapell vun Aansebuerg och nach d'Parkierch vun Tënten, d'Filialkierch vun Huelmes an d'Kapell zu Buer gehéiert. Iwwer der Aganksdier vun der Kapell ass um Schlosssteen als Baudatum d'Joer 1671 uginn.
From Wikipedia, CC BY-SA